Den 28. August ass d’Erëffnungszeremonie zu Paräis an de 4. respektiv 7. September wäerten déi zwee Athleeten an der Liichtathletik un den Depart goen. 4.400 Sportler a Sportlerinne gi fir d’Paralympesch Spiller erwaart a starten an 23 verschiddenen Disziplinnen.
Fir d’Katrin Kohl sinn et déi éischt Paralympesch Spiller. Duerch eng Wildcard ka si deelhuelen. Si start an der Disziplin Rennrollstull iwwer 100 Meter Sprint. Bei de Paralympesche Spiller ginn d’Athlete jee no kierperlecher Funktioun a Kategorien agedeelt. Am Rennrollstull ginn et siwe verschidde Kategorien. D’Katrin Kohl ass an der Kategorie T54. Dës Athleeten hunn eng ganz oder deelweis Beweegungsaschränkung an de Been a wärend der Course kënnt déi ganz Kraaft aus den Äerm an dem Uewerkierper. D’Katrin Kohl ass mat der Diagnos Spina Bifida op d’Welt komm. Kategorië géingen de paralympesche Sport gerecht maachen, mee dat sportlecht sollt am Vierdergrond stoen.
“Ech fannen awer lo net, dass d’ganz Krankegeschicht oder d’ganz Behënnerung onbedéngt muss bei de Paralympesche Spiller erzielt ginn. Ech mengen och net, dass d’Leit eppes domadder kënnen ufänken. Mee du solls fir mech einfach d’Kategorien erklären, dass een doranner passt, sou dass et eben am gerechtsten ass.”
Hir Beschtzäit am 100-Meter-Rennrollstull-Sprint läit bei 19,13 Sekonnen. Op de leschte Paralympesche Spiller huet d’Chinesin Zhaoqian Zhou an enger Zäit vu 15,90 Sekonnen d’Goldmedail an der Kategorie T54 gewonnen.
Fir den Tom Habscheid ginn et déi drëtt Paralympesch Spiller an der Disziplin Bommstoussen. De Liichtathlet huet zu Rio an zu Tokio d’Ambiance materlieft an hofft, dass d’Visibilitéit bei de Paralympesche Spiller zu Paräis nach méi grouss gëtt fir d’Athlete mat kierperlechen Aschränkungen.
“Vu Spiller zu Spiller gëtt et ëmmer méi, d’gëtt ëmmer besser. Natierlech kanns de net ëmmer alles 100% richteg maachen. Oder déi Visibilitéit kréien, déi ee gären hätt. Mee sou wéi ech et mat den Olympesche Spiller den Ament materliewen, ass den Hype awer richteg gutt do, an ech denken och, an ech hoffen och, dass et fir d’Paralympesch Spiller genau esou gëtt.”
Hien hält de Weltrekord am Bommstoussen a senger Kategorie F63 mat 15,10 Meter. Am Paralympesche Werfe ginn et 19 Kategorië fir Athleten, déi stinn. Donieft ginn et och nach Kategorië fir Athleten, déi sëtzen. An der Kategorie F63 starte Sportler, déi eng moderat Aschränkung an engem Been hunn, oder bei deenen een oder zwee Been iwwer dem Knéi ophalen.
Bei de leschte Paralympesche Spiller ass den Tom Habscheid op déi 4. Plaz komm. D’Zil ass dës Kéier eng Medail an d’Virfreed ass grouss.
“Et ass wierklech cool an eigentlech kann een et bal net a Wierder beschreiwen, well s de halt ee vun deene 4.000 Mënschen ënnert 1 Milliard bass, déi op esou engem rise Sportevent kann untrieden. Well een dat mécht, wat ee gär mécht, an och nach gutt kann.”
Sonndesinterview mam Katrin Kohl: “De paralympesche Sport huet sou vill ze bidden”