Drëtt Hallschent, de Sport-Talk - Tommy Wirtz"Eleng vu Lëtzebuerg op déi 3. Bundesliga ass schonn e groussen Ënnerscheed"

Franky Hippert
Dës Kéier ass den Tommy Wirtz Invité an eisem Podcast "Drëtt Hallschent, de Sporttalk".

De fréieren Handballprofi, fréiere Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp an Nach-Spiller beim HB Diddeleng huet d’lescht Woch annoncéiert, datt hien um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert seng aktiv Karriär op héchstem nationalen Niveau zitt. Et gi vill Grënn, wéi eis de studéierte Schoulmeeschter erzielt huet. U Projete fir d’Zukunft feelt et awer net. Den Tommy Wirtz wëll zum Beispill de Kanner nees méi Goût um Sport an un der Beweegung vermëttelen. D’Lénksbande huet eis awer och zum Beispill erkläert, wéi grouss den Ënnerscheed eleng vum nationale Championnat hei zu Lëtzebuerg op d’drëtt Bundesliga ass. De Sprong vun der drëtter an déi zweet Liga an Däitschland ass och nach eng Kéier beandrockend. Den 31 Joer ale Spiller vum HB Diddeleng huet eis awer och nach säi Museksgoût an e verstoppten Talent verroden.

Dës Kéier ass den Tommy Wirtz Invité an eisem Podcast “Drëtt Hallschent, de Sporttalk”.

De ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO