
D'Eléonora Molinaro huet e gudde Start an de Match erwëscht a konnt sech sou och direkt den éischte Saz mat 6:2 sécheren. Ma dat huet d'Sara Errani aus Italien net op sech sëtze gelooss a konnt sou mat engem 6:4 am 2. Saz ausgläichen.
D'Decisioun sollt also am drëtte Saz falen, deen ausgeglach an dofir och spannend war. Ma zum Schluss kann d'Lëtzebuergerin sech mat 6:4 am leschte Saz duerchsetzen a steet elo an der Finall vum ITF-Denain.