Lëtzebuerger Futtballer am AuslandEnes Mahmutovic verléiert mat Lviv

RTL Lëtzebuerg
A Portugal huet den Eric Veiga mat Vilafranquense gläich gespillt an op Zypern huet den Tim Hall bei der Defaite vun Ethnikos Achnas just nogekuckt.
Den Enes Mahmutovic am Asaz fir d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp.
Den Enes Mahmutovic am Asaz fir d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp.
© pressphoto (Archiv)

An der 2. Liga a Portugal gouf et fir Vilafranquense an den Eric Veiga ee Remis. Géint Covilha huet ee sech mat engem 1:1 getrennt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung fir d’drëtte Kéier noenee vun Ufank un um Terrain.

PFK Lviv mam Enes Mahmutovic huet eng weider Néierlag missen astiechen. No enger 1:0-Féierung huet een um Enn mat 1:2 géint Inhulets Petrove de Kierze gezunn. De Lëtzebuerger stoung als Kapitän de ganze Match um Terrain. Mat zwee Punkten no fënnef Spilldeeg steet Lviv op der zweetleschter Plaz an der Tabell.

Den Tim Hall muss weider op säi éischten Asaz an der 2. Liga op Zypern waarden. Bei der 2:4-Néierlag vun Ethnikos Achnas bei Apollon Limassol souz de Lëtzebuerger op der Bänk a gouf net agewiesselt. Den Hall war virun zwou Woche bei Achnas gewiesselt.

Sonndeg

Aue huet um 4. Spilldag an der 2. Bundesliga déi éischt Néierlag an dëser Saison kasséiert. Géint Sandhausen huet ee virun den eegene Spectateure mat 1:3 de Kierzere gezunn. Den Dirk Carlson stoung nees an der Startformatioun. Den Tim Kips war net am Kader. Aue konnt bis ewell nach keng Partie gewannen a steet mat nëmmen dräi Punkten op der 16. Plaz.

De Gerson Rodrigues stoung e Sonndeg den Owend bei der 4:0-Victoire vun Dynamo Kiew géint Densa net am Kader vum aktuelle Champion. Dynamo läit mat 13 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell.

Den Anthony Moris huet e Sonndeg den Owend mat Union St. Gilloise 1:3 beim KV Mechelen verluer. De Moris stoung wéi gewinnt tëscht de Pottoen. Den Opsteiger steet no fënnef Spilldeeg op Plaz véier. Klickt hei, fir op d’Resultater vum belsche Championnat ze kommen.

Samschdeg

Am hollännesche Championnat stoungen de Laurent Jans an de Mica Pinto nees gemeinsam fir Sparta Rotterdam um Terrain. De Veräin muss awer weider op eng Victoire waarden. Géint Heracles Almelo gouf et een 1:1-Remis. De Pinto stoung an der Startformatioun, de Jans gouf an der 70. Minutt agewiesselt.

Sechs Deeg nom iwwerraschende Succès beim Bundesligaoptakt géint Leipzig huet Mainz e Samschdeg eng Néierlag missen astiechen. Géint den Opsteiger Bochum huet ee sech misse mat 0:2 geschloe ginn. De Leandro Barreiro stoung bei de Mainzer an der Startformatioun an huet an der 67. Minutt déi giel Kaart gesinn. Fir den 21 Joer ale Lëtzebuerger war et dee 50. Asaz an der Bundesliga.

An der zweeter englescher Liga huet Huddersfield déi zweete Victoire noenee gefeiert. Mat 2:1 huet ee sech géint Sheffield United behaapt. D’Partie gouf eréischt an der Nospillzäit decidéiert. Den Danel Sinani, deen an der Woch ee schéine Gol fir d’zweet Ekipp vun Huddersfield geschoss hat, souz de ganze Match op der Bänk.

De Maurice Deville huet beim 0:0-Remis géint Dortmund II fir Saarbrécken nëmme kuerz dierfe matwierken. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 86. Minutt agewiesselt. Den Deville stoung dës Saison an der 3. Liga bis ewell just um 1. Spilldag vun Ufank un um Terrain.

Freideg

E Freideg den Owend huet Worskla Poltawa mam Lëtzebuerger Nationalspiller Olivier Thill an der héchster ukrainescher Liga géint Metalist gespillt.

Um Enn gouf et eng souverän 2:0-Victoire fir d’Ekipp vum Olivier Thill. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Starteelef a gouf eréischt an der 88. Minutt ausgewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO