D’Lëtzebuerger Dammennationalekipp am Handball huet um Sonndeg am Gymnase vun der Coque hieren zweete Match am Kader vun der EM-Qualifikatioun gespillt. Op Besuch am Grand Duché war Schweden, aktuell d’Nummer 5 op der Welt.
Lëtzebuerg ass engagéiert an de Match gestart. Virun allem d’Laure Flener huet mat 2 Paraden direkt gutt an de Match fonnt an esou der ganzer Ekipp Confiance ginn. No 5 Minutte stoung et 1:1. D’Ekipp vum Nationaltrainer Alexandre Scheubel ass weider um Ball bliwen an huet d’Schwedinnen net fort zéie gelooss. Defensiv stoung e kompakt an an der Offensiv huet e sech och net verstoppt. No 17 Minutte stoung et deemno iwerraschend 6:6-Gläich. Virun der Paus hu sech am Spill vun de Lëtzebuergerinnen an der Offensiv dunn awer e puer kleng Feeler ageschlach sou dass een dann awer mat 8 Goler Réckstand (7:15) an d’Paus gaangen ass.
An der zweeter Hallschent sinn d’Bee schwéier ginn a Schweden huet hiren Virsprong Minutt fir Minutt konnte weider ausbauen. Um Enn geet de Match däitlech mat 17:39 verluer. Trotz allem huet d’Ekipp ronderëm Tina Welter, Topscorerin bei de Roude Léiwinne mat 8 Goler, eng gutt Leeschtung gewisen.
Nierft Island a Schweden spillen d’FLH-Dammen nach géint d’Färöer Inselen. Am Februar gëtt dëse Match gespillt.
D’Europameeschterschaft gëtt vum 28. November bis de 15. Dezember 2024 an Éisträich, Schwäiz an Ungarn gespillt.