DëschtennisEric Glod verléiert mat Eslöv d'Finall vun der schwedescher Coupe

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Eslöv sech e Mëttwoch mat enger Victoire géint Spårvägens fir d'Finall vun der Coupe qualifizéiere konnt, war en Donneschdeg d'Finall.
© Manfred Schillings / FLTT (Archiv)

Iertemlecherweis hate mir gemellt, den Eric Glod hätt d‘Coupe a Schweden gewonnen, allerdéngs ass de System a Schweden méi speziell.

Deemno geet et net dono, wien déi meescht Matcher gewonnen huet, mee wien als éischt 10 Sätz gewonnen huet. Deemno huet net Eslöv, mee Halmstad d’Coupe gewonnen, well no den Eenzel stoung et 9:9 an de Sätz.

Am uschléissenden Dubbel huet Halmstad den éischte Saz mat 11:9 gewonnen an d‘Coupe domat fir sech decidéiert.

Portrait vum Eric Glod/Reportage Yannick Zuidberg

Back to Top
CIM LOGO