
Déi béid Lëtzebuerger stoungen zum Zäitpunkt, wéi de Match ofgebrach gouf, um Terrain a waren dunn och e Mëttwoch fir déi puer Minutten nees aktiv.
Beim Stand vun 0:1 gouf de Match tëschent Vitesse Arnheim a Sparta Rotterdam de 4. Mäerz 6 Minutte viru Schluss ofgebrach. An der Schlussphas hunn d’Spectateure vu Vitesse Arnheim Géigestänn op den Terrain geheit. Dobäi gouf de Golkipp vu Sparta Rotterdam Maduka Okoye vun engem Becher getraff a vun engem “Flitzer” attackéiert. Den 22 Joer jonken Nigerianer soll verschidde Medieberichter no och rassistesch beleidegt gi sinn.
An de sechs Minutten, déi nogespillt goufen, ass net méi vill geschitt an esou ass et beim wichtegen 1:0 fir Sparta Rotterdam, deen den Dalmau virun iwwert engem Mount no 5 Minutte Spillzäit geschoss hat, beim Tabellesechsten aus Arnheim bliwwen. Rotterdam steet elo mat deenen 3 Punkten op der Relegatiounsplaz an huet 2 Punkten Avance op den direkten Ofstig an 1 Punkt Réckstand op déi direkt Rettung. Et bleiwen nach 5 Spilldeeg.
En Donneschdeg den Owend huet Eyüpspor mam Lëtzebuerger Nationalspiller Olivier Thill mat 0:2 géint Boluspor verluer. Den Thill stoung 90 Minutten iwwer um Terrain, de Gerson Rodrigues war net am Kader.