
Den COSL huet déi definitiv Zuel vun Athleten, déi Lëtzebuerg bei den olympesche Spiller wäerte vertrieden, matgedeelt: 13 Leit schéckt de Grand-Duché op Paräis.
Et si véier Liichtathleten (Bob Bertemes, Ruben Querinjean, Vera Hoffmann, Patrizia van der Weken), dräi Dëschtennisspiller (Sarah de Nutte, Ni Xia Lian, Luka Mladenovic), zwee vun der Vëlosfederatioun (Alex Kirsch, Christine Majerus), ee Reider (Nicolas Wagner-Ehlinger), ee Schwëmmer (Ralph Daleiden), eng Triathletin (Jeanne Lehair) an ee Bouschéisser (Pit Klein).