E Sonndeg kéint nees e Stéck Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwe ginn. Am Allersmatch huet sech d’Dammebasketballnationalekipp kloer mat 74 op 49 géint de Montenegro behaapt. Dëst Resultat wëllen d’Rout Léiwinnen e Sonndeg zu Bar widderhuelen. Falls eng 5. Victoire an dëser Campagne erausspréngt, wier Lëtzebuerg bei der EM mat dobäi, falls net, da geet d’Gerechens lass.
Och am Fall vun enger Defaite ass et nach méiglech, den Ticket fir d’EM ze knipsen. Dofir muss Rechemaschinn awer ausgepaakt ginn.
Wéini kënnt Lëtzebuerg op déi éischt, zweet oder drëtt Plaz am Grupp?
Zenario 1 (D’Schwäiz wënnt géint Bosnien)
Zenario 2 (D’Schwäiz verléiert géint Bosnien)
Sollt Lëtzebuerg um Enn op déi zweete Plaz am Grupp kommen, da muss ofgewaart ginn, bis all d’Matcher aus den anere Gruppen eriwwer sinn, fir ze kucken, ob d’FLBB-Dammen ënnert déi bescht véier Gruppenzweet komm sinn.
4 Victoiren aus 5 Matcher schwätzen awer eng kloer Sproch. D’Form passt an dowéinst ginn d’Lëtzebuergerinne mat vill Confiance an dës Partie. Virun allem konnten d’FLBB-Damme sech ëmmer op eng gutt Defense verloossen. D’Svenia Nürenberg ass sech bewosst, datt dat e Sonndeg “e Kampf” wäert ginn, well genee wéi Lëtzebuerg och de Montenegro op d’EM wëll.
Et gëtt also spannend e Sonndeg. Bei eis verpasst Dir awer keng Sekonn. Vu 16 Auer u kënnt Dir op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play live mat dobäi sinn.