D’Etzella Ettelbréck wënnt en enke Match mat 89:81 géint den T71 Diddeleng. Bei de Gäscht war den Tom Schumacher als Interimscoach an der Verantwortung. An enger spannender Schlussphas huet de Philippe Gutenkauf seng Ekipp mat engem Dräier 6 Punkten a Féierung bruecht. Déi meeschte Punkte bei der Lokalekipp hat den Adrian Delph mat insgesamt 31 um perséinleche Kont. Diddeleng huet mat der Trefferquot ze kämpfe gehat, insgesamt huet d’Ekipp just 36 Prozent vun de Wërf getraff.
Och d’Arantia Fiels dierf sech iwwer mindestens ee Match an der Coque freeën. D’Gäscht setze sech mat 102:78 zu Mamer duerch. Bei der Lokalekipp huet sech de Profispiller Rashon Johnson am zweete Véierel verletzt a konnt net méi weiderspillen. De Kevon Godwin huet mat 24 Punkte fir d’Fiels iwwerzeegt.

Déi zwou Ekippen aus der Nationale 2 goufen eliminéiert. Zolwer hat géint d’Amicale Steesel zwar gutt an de Match fonnt an den 10-Punkte-Bonus souguer op bis zu 22 Punkten ausgebaut (28:6), duerno huet Steesel sech allerdéngs lues awer sécher zeréck an d’Partie gekämpft. An der Paus louchen d’Gäscht scho mat 48:47 a Féierung.
D’Entscheedung huet Steesel dunn am drëtte Véierel realiséiert, wéi si mat engem 29:0-Laf an d’Hallschecht gestart sinn. Um Enn wënnt Steesel 104:83. D’Gäscht konnte 15 Dräier markéieren an hate mam Alex Laurent (27 Punkten) de beschte Scorer vum Match.
D’Sparta Bartreng huet zu Schieren ganz séier dofir gesuergt, dass den 10-Punkte-Réckstand vun der Lokalekipp geschrumpft ass. Schieren huet zwar tëschenzäitlech besser dogéint gehalen, d’Dominanz vun der Sparta war allerdéngs iwwer 40 Minutte Spillzäit däitlech. Mat 105:80 war d’Resultat och um Enn kloer. Bei de Gäscht huet den Jarvis Williams 22 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Um Donneschdeg kënnt et zu zwee Dueller tëschent Ekippen aus der Enovos League. Ettelbréck spillt géint Diddeleng a Mamer huet Heemvirdeel géint d’Fiels.