Basketball-ChampionnatEttelbréck notzt e staarke leschte Véierel, Mamer klappt d'Kordall Steelers

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg a Sonndeg war an der Enovos League bei den Hären den Optakt vum 9. Spilldag.
Bartreng gewënnt enke Match géint Steesel
Mat der 89:83-Victoire bleift d’Sparta weiderhin ongeschloen.

Hären

Um Sonndeg huet sech de Basket Esch mat 89:80 géint d’Résidence Walfer duerchgesat. D’Lokalekipp huet an de leschte 6 Minutte vum Match 20 Punkte geworf an d’Partie esou gewonnen. De Quinten Nelson koum op 31 Punkten, ënnerstëtzt gouf hie vum Clancy Rugg mat
24 Punkten.

D’Etzella Ettelbréck notzt e staarke leschte Véierel fir sech um Enn mat 93:76 géint de Racing Lëtzebuerg duerchzesetzen. Den Nicholas Davis (23 Punkten), Adrian Delph (23) an de Billy McDaniel (21) hu jeeweils iwwer 20 Punkte geworf fir de Champion.

Enk war de Match tëschent Mambra Mamer an de Kordall Steelers. D’Lokalekipp wënnt no enger spannender Schlussphas mat 96:91. Fënnef Spiller vu Mamer hu méi wei 12 Punkte markéiert, den Alan Bedirhanoglu hat 23 Punkten um perséinleche Kont.

De Leader Bartreng klappt Steesel, éischt Victoire fir Conter

Um Samschdeg goufen schonn 3 Matcher gespillt.

D’Sparta Bartreng bleift weider ongeschloen un der Tabellespëtzt. Duerch eng staark Ufanksphas konnt sech d’Lokalekipp fréi am Match e Virsprong erkämpfen a louch nom éischte Véierel 31:20 vir. Dësem Réckstand ass Steesel de ganze Match hannendru gelaf a konnt net méi fir Spannung suergen. Bartreng huet de Match geréiert a gewënnt um Enn mat 89:83. De Jarvis Williams (31 Punkten) an de Max Logelin (21) ware bei der Sparta d’Haaptspiller am Ugrëff.

D’Arantia Fiels wënnt mat 93:79 géint den T71 Diddeleng, béid Ekippe ware virum Spilldag punktgläich. De Michael Anthony Carter an de Kevon Godwin hu jeeweils 24 Punkte markéiert, d’Lokalekipp louch schonn an der Paus 52:36 a Féierung.

Den AB Conter setzt sech mat 81:78 géint d’Musel Pikes duerch a feiert domat déi éischt Victoire dës Saison. Bei der Lokalekipp stoung mam Landon Lowder en neie Profispiller am Kader, hie koum op 15 Punkte bei sengem Debut.

D’Enovos League bei den Hären geet elo an eng Paus, dat well d’Nationalekipp Enn November am Asaz ass.

Back to Top
CIM LOGO