BasketEttelbréck verlängert mam Härentrainer Gavin Love

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Basket ass et d'Nouvelle, dass d'Etzella Ettelbréck de Kontrakt mam Härentrainer Gavin Love verlängert huet.
© Fernand Schmitz

Domat geet de Britt a seng drëtt Saison mam Club. Donieft huet de Veräi matgedeelt, dass de Profispiller Jimmie Lee Taylor säi Vertrag fir eng weider Saison beim Vize-Champion verlängert.

D’Etzella hat an der “Best-of-5"-Serie an der Finall vum Championnat mat 1:3 géint d’Amicale Steesel verluer.

Back to Top
CIM LOGO