Bis den 2. Mäerz an der Coque ze gesinnExpo stellt Fraen an de Mëttelpunkt, déi de Sport zu Lëtzebuerg prägen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war de Vernissage vun der Expo "From Passion to Purpose : Celebrating Women in Sports".
Expo stellt Fraen an de Mëttelpunkt, déi de Sport zu Lëtzebuerg prägen
E Freideg den Owend war de Vernissage vun der Expo “From Passion to Purpose : Celebrating Women in Sports”.

Van der Weken, Lehair, Schreiber, d’Dame-Basketnationalekipp - et si Fraen, déi a leschter Zäit fir international Schlagzeile gesuergt hunn, mä et sinn net hir Gesichter, déi an der Ausstellung op Fotoen a Clippe gewise ginn an Aussoe maachen iwwer d’Wäerter, déi si am Sport entdeckt hunn. Si si manner bekannt, awer och mat Häerz a Séil a verschiddene Beräicher vum Sport aktiv.

D’Diskriminatioun, d’Ongläichheet, Stereotyppen a wéineger Presenz a Veräiner an a Sportsgremië sinn nach deelweis an eiser Sport- a Beweegungswelt present. Vun deenen 136.000 Lizenzéierten, verdeelt op
1.300 Veräiner, si ronn 25 Prozent Fraen a Meedercher aktiv.

Dës Ausstellung ass bis den 2. Mäerz an der Coque a wandert duerno duerch d’Gemengen. Den Titel eleng ass schonn e ganze Programm.

2 Ministèren (Sportsministère a Chancëgläichheetsministère), déi zesummen un engem Projet schaffen, dat ass Sportsgeescht. A mat enger Ministesch Yuriko Backes an engem Minister Georges Mischo un der Spëtzt, domadder ass dann och d’Paritéit garantéiert.

Back to Top
CIM LOGO