
Wéi erwaart hat Diddeleng keng Problemer géint d’Union. Kloer huet ee sech e Sonndeg an de Véierelsfinalle vun der Coupe auswäerts mat 4:0 behaapt.
Hueschtert-Foulscht huet beim Briddel mat 4:1 gewonnen. D’Resultat war domadder kloer, ma Hueschtert-Foulscht huet sech awer net ganz esou einfach géint den Ofsteiger aus der Nationaldivisioun gedoen.
Eng Ronn weider ass och de Finalist vun zejoer den Houwald. Ouni Problemer huet ee sech mat 4:1 géint Rued duerchgesat. Bis op d’Tessy Gonderinger, déi sech mat 3:0 géint hire fréiere Veräinskolleeg Marc Dielissen behaapte konnt, gouf et fir Rued näischt entgéintzesetzen.
Ënnert de leschte véier Ekippe steet dann och Berbuerg, dat no enger 4:2-Victoire bei Éiter-Waldbriedemes.