
Um Sonndeg de Mëtteg stoung am Lëtzebuerger Sport no allen Ofsoe wéinst der aktueller Situatioun just nach 1/8-Finallen an der Coupe de Lëtzebuerg am nationalen Dëschtennis um Programm.
Mam DT Hueschtert/Folscht, Houwald, Berbuerg, Éiter-Waldbriedemes an och Diddeleng hu sech déi kloer Favoritte jeeweils all ouni gréisser Problemer duerchgesat. Eenzeg den DT Lénger huet sech iwwerraschend mat 1:4 géint Rued misse geschloe ginn.
Wëntger - DT Hueschtert/Folscht 0:4
DT Iechternach - Briddel 3:4
Ierpeldeng - DT Diddeleng 0:4
Lëntgen - DT Union Lëtzebuerg 1:4
Lënster - Houwald 0:4
Lénger - DT Rued 1:4
Recken - DT Berbuerg 0:4
Nidderkäerjeng - Éiter-Waldbriedemes 0:4