
Zanter e Freideg den Owend ass d’Wanterpaus an der däitscher Bundesliga eriwwer. Fënnef Deeg nom Doud vum Franz Beckenbauer hunn d’Bayern d’TSG Hoffenheim mat 3:0 geklappt.
Eng ganz staark Leeschtung huet de jonke Musiala gewisen. Hien huet an der 18. an an der 70. Minutt getraff an domadder seng Ekipp mat 2:0 a Féierung bruecht. Donieft hat hien och nach an der 58. Minutt de Potto getraff. De Kane huet an der 90. Minutt mam 3:0 fir de Schlusspunkt gesuergt. Mat sengem 22. Gol an dëser Saison huet hien de Rekord vun der Bundesliga-Allersronn vum Robert Lewandowski aus der Saison 2020/21 egaléiert.
An der provisorescher Tabell huet den FCB de Réckstand op Leverkusen op ee Punkt reduzéiert. Leverkusen spillt e Samschdeg géint Augsburg.
An der franséischer Ligue 1 hu sech dann nach e Freideg den Owend Olympique Marseille a Racing Stroossbuerg mat engem 1:1-Remis getrennt. Marseille war schonn an der 2. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen, ier Stroossbuerg an der éischter Minutt vun der Nospillzäit nach ausgläiche konnt.