Däitsch FuttballbundesligaFC Bayern wäert sech um Enn vun der Saison vum Thomas Tuchel trennen
Dat huet de Club elo offiziell matgedeelt. D'Decisioun kënnt no 3 Néierlagen hannertenee géint Bayer Leverkusen, Lazio Roum an de VfL Bochum.
Déi Münchener stinn den Ament, mat engem Retard vun 8 Punkten op de Leader Leverkusen, op der zweeter Plaz an der Tabell vun der Bundesliga. Zanter Mäerz d’lescht Joer, sëtzt den Thomas Tuchel op der Trainerbänk zu München.