Lukaku-Selbstgol suergt fir DecisiounFC Sevilla wënnt fir d'6. Kéier d'Europa League

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend huet sech Sevilla an der Finall vun der Europa League mat 3:2 géint Inter Mailand duerchgesat.
© AFP

Fir 6. Kéier heescht de Gewënner vun der Europa League FC Sevilla. D’Ekipp aus Spuenien huet sech e Freideg den Owend an der Finall mat 3:2 géint Inter Mailand duerchgesat. Batter fir d’Ekipp vum Conte ass nieft der Néierlag och de Faite, datt e Selbstgol vum Romelu Lukaku um Enn fir d’Decisioun gesuergt huet.

Et war vun Ufank un eng hëtzeg Partie an där et ëmmer nees hin an hier gaangen ass. Schonn no 5. Minutt huet den Arbitter op de Punkt gewisen an et war de Lukaku, deen Inter Mailand mat 1:0 a Féierung bruecht huet. An der 12. Minutt huet den de Jong du fir d’éischt op 1:1 gesat, ier hien an der 33. Minutt Sevilla mat engem weidere Gol mat 2:1 a Féierung bruecht huet. Nach virun der Paus konnt Inter Mailand duerch de Godin ausgläichen. No der Paus war den Niveau net méi ganz esou héich an um Enn huet e Selbstgol vum Lukaku an der 74. Minutt fir d’Decisioun gesuergt. Den FC Sevilla huet d’Finall domadder mat 3:2 gewonnen a konnt sech feiere loossen.

An der Gruppephas war den FC Sevilla an engem Grupp mam F91 Diddeleng.

E Sonndeg den Owend gëtt dann nach d’Finall vun der Champions League gespillt. D’Partie tëscht Paris St. Germain a Bayern München gëtt live op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

De Resumé vum Match

FC Sevilla - Inter Mailand 3:2
0:1 Lukaku R. (5'), 1:1 De Jong L. (12'), 2:1 De Jong L. (33'), 2:2 Godin (36'), 3:2 Lukaku R. (Selbstgol) (74')

An der Finall vun der Europa League stounge sech e Freideg den Owend den FC Sevilla, Rekordgewënner vun der Europa League mat 5 Victoiren, an Inter Mailand géigeniwwer. De Match tëscht béiden Ekippen ass direkt mat Cent à l’heure lassgaangen. An der 5. Minutt huet den Arbitter nämlech schonn een Eelefmeter gepaff. Den Diego Carlos hat de Lukaku am Strofraum mat onfaire Mëttele gestoppt. De Belsch huet et sech net huele gelooss, fir den Eelefmeter selwer ze schéissen an huet fir seng Ekipp op 1:0 gesat. Fir de Lukaku war et deen 11. Match noeneen, wou hien an der Europa League e Gol geschoss huet. Sevilla huet sech vum Réckstand net laange geschockt gewisen. No enger schéiner Flank vum Navas an de Strofraum ass den de Jong am héchste gesprongen an huet an der 12. Minutt mat engem Käpper de Score op 1:1 gesat.

No den 2 Goler ass et um Terrain weider hëtzeg bliwwen. Ëm all Ball gouf gekämpft, Kaarte goufe verdeelt an et ass ëmmer nees hin an hier gaangen. Laang hunn d’Spectateure virun den Tëlee dann och net missen op deen nächste Gol waarden. An der 33. Minutt huet et op en Neits an der Këscht vun Inter gerabbelt a Sevilla ass mat 2:1 a Féierung gaangen. No enger Standardsituatioun war et nees den de Jong, deen am héchste gesprongen ass an dat ronnt Lieder mam Kapp an de Filet gesat huet. Nëmmen dräi Minutten drop huet Mailand zeréckgeschloen. De Brozovic huet de Ball no engem Fräistouss an de Fënnefmeterraum bruecht an do war et de Godin, deen am héchste gesprongen ass an op 2:2 ausgeglach huet. Mam Remis ass et an d’Paus gaangen.

An den zweete 45 Minutten huet sech d’Partie e bësse berouegt. Den Niveau konnt net ganz gehale ginn an esou gouf et och manner Chancen op béide Säiten. E battere Moment gouf et dunn an der 73. Minutt fir Inter Mailand. De Lukaku huet e weidere Gol markéiert, ma dës Kéier war et e Selbstgol, sou datt de Belsch fir den 3:2 fir Sevilla gesuergt huet. Nodeems e Fräistouss vum Banegas am Fënnefmeterraum net richteg gekläert gouf, huet den Diego Carlos d’Méiglechkeet genotzt, huet e Fallrückzieher gemaach an hat Gléck, datt de Lukaku säi Fouss nach dohinner gehalen huet an dat ronnt Lieder an den eegene Gol deviéiert huet. Inter Mailand ass et nom Selbstgol net méi gelongen, fir de Match nach eng Kéier ze dréinen, sou datt den FC Sevilla um Enn d’Finall vun der Europa League mat 3:2 gewonnen huet.

Back to Top
CIM LOGO