Basket a VolleyballFederatiounen a Veräiner decidéieren iwwer neie Spillmodus

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass um 10 Auer eng online ausseruerdentlech Generalversammlung vun der Basket Federatioun.

D’FLBB proposéiert do 3 Méiglechkeeten, wéi et mam Championnat kéint weidergoen. Iwwer dës Propose stëmmen d’Veräiner dann of.

Ob et awer eng Majoritéit fir eng vun deene Propose gëtt, ass alles anescht wéi sécher. 4 Veräiner aus der ieweschter Divisioun hunn nämlech och nach eng Propos ausgeschafft.

D’Volleyball-Federatioun huet senge Veräiner zwou Propositioune presentéiert.

Hei kënnen d’Clibb iwwer Mail bis den 22. November fir eng vun den zwou Proposen ofstëmmen oder sech enthalen.

Back to Top
CIM LOGO