NBAFinall tëscht Oklahoma an Indiana geet an en decisive 7. Match

RTL Lëtzebuerg
An der NBA wäert d'Entscheedung ëm de Championstitel an engem decisive 7. Match falen.
© AFP

An der “Best-of-7"-Serie tëscht den Oklahoma City Thunder an den Indiana Pacers steet et 3:3 gläich, dat nodeems Indiana sech an der Nuecht op e Freideg mat 108:91 duerchsetze konnt. D’Entscheedung fält domat an der Nuecht op e Méindeg, de Favorit Oklahoma huet Heemvirdeel.

Los Angeles Lakers fir 10 Milliarden Dollar verkaf

Déi lescht Deeg stoung eng weider Nouvelle aus der NBA am Fokus. Den Entrepreneur Mark Walter soll Haaptproprietär vum legendäre Club Los Angeles Lakers ginn, dofir leet hie ronn 10 Milliarden Dollar op den Dësch, eng nei Rekordzomm fir e Sportveräin an den USA.

Back to Top
CIM LOGO