
Et handelt sech ëm en Trikot vun de Los Angeles Lakers aus Mëtt der 1990er Joren, mat der Nummer 8 drop.
De selwechten Trikot war 2012 schonn emol versteet ginn, deemools fir 115.242 Dollar. Elo goufen 7 Milliounen Dollar fir d’Erënnerungsstéck gebueden. Wien elo den neie Besëtzer ass, gouf net verroden.
Et ass awer net den héchste Montant, dee jee fir en NBA-Trikot erziilt gouf. En Trikot vum Michael Jordan aus den NBA-Finals vun 1998 hat 10,1 Milliounen Dollar abruecht.
De Kobe Bryant war 2020 am Alter vun 41 Joer bei engem Helikopter-Accident ëm d’Liewe komm. Och seng Duechter Gianna war mat an deem Helikopter an hat net iwwerlieft.