Zanter der CoronakrisFitness vu Kanner a Jugendleche weider limitéiert

Tom Nols
Dat ass d'Resultat vun enger Etüd, un där méi wéi 270.000 Kanner a Jugendlecher aus 17 europäesche Länner deelgeholl hunn.
© Pixabay

Och Joren nom Enn vun der Coronapandemie bleift d’Fitness bei Kanner a Jugendlechen an Europa weider ageschränkt. Besonnesch bei der Ausdauer leien d’Wäerter weider ënnert deene vu virun der Pandemie. Ënnersicht goufe fir déi Analys Donnéeë vu méi wéi 270.000 Kanner a Jugendlechen aus 17 europäesche Länner.

Insgesamt war wärend der Pandemie déi sougenannt kardiorespiratoresch Fitness vun de Jonken zréckgaangen, also d’Fäegkeet, de Kierper bei Belaaschtung mat genuch Sauerstoff kënnen ze versuergen. Besonnesch réckleefeg waren d’Ausdauer iwwer länger Strecken an d’Schnellegkeet bei Sprinten. Länner mat méi staarke Corona-Schutzmoossname waren hei méi staark betraff.

Nodeems d’Schoulen a Sportsterrainen erëm opgaange waren, hate sech d’Wäerter bei der Schnellegkeet rëm relativ séier erholl, wärend d’Fitness bei der Ausdauer weider limitéiert blouf. Besonnesch niddreg waren d’Wäerter bei Meedercher vun allen Altersklassen, a bei Jugendlechen tëscht 13 an 19 Joer vu béide Geschlechter.

Kierperlech Fitness zielt zu de wichtegsten Indicateure fir déi aktuell an zukünfteg Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen. D’Réckstänn bei der Ausdauerleeschtung kéinte laangfristeg zu méi Krankheete bäidroen a bestoend gesondheetlech Ongläichheete verschlëmmeren. Politik, Schoul, Sportsveräiner an Eltere wieren deemno opgeruff ze handelen, sou dat Däitscht Bundesinstitut fir Bevëlkerungsfuerschung (BIB).

Virun allem schoulesch Offeren a Sportsveräiner suergen noweislech dofir, dass reegelméisseg Beweegung erëm méi staark am Alldag verankert ginn, sou d’Auteure vun der Etüd.

Back to Top
CIM LOGO