FuttballFLF krut 2. Trainingsunitéit am Stadium refuséiert, d'Sportschäffe reagéiert

RTL Lëtzebuerg
Der Futtballnationalekipp gouf virum Lännermatch géint Nordirland e Freideg vun de Responsabele vum Stadion refuséiert, eng 2. Trainingsunitéit ofzehalen.
© Val Wagner / RTL

FLF däerf net am Stadion trainéieren / Rep. Fränky Hippert

Et brauch een natierlech net ze froen, wat dem Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer duerch de Kapp gaangen ass, wéi hien de Refus krut: Dat war zum Deel grouss Roserei, Onverständnis, riseg Enttäuschung, well bei allem Respekt, wa mer lo eng Trainingsseance op deem Wues maachen, dee souwisou scho vun extrem gudder Qualitéit ass, da maache mer weder de Wues futti, nach schuede mer soss iergendengem.

De Luc Holtz stellt sech ëmmer nees déi nämmlecht Fro: Firwat, firwat maache mer dat doten? Firwat leeë mer dem Géigner ganz oft de rouden Tapis aus? A firwat maache mer dat net, wann eis eege Jonge kommen? Ech hunn enorm Problemer mat esou Decisiounen, an ech hoffen, datt mer alleguerten, wat d’Ënnerstëtzung vu senger eegener Ekipp oder vu sengen eegene Leit ugeet, eis selwer hannerfroen.

Et hat scho ganz kloer, säi Sënn an Zweck, fir en Dënschdeg en zweeten Training am Stade de Luxembourg kënnen ofzehalen: Fir de Jongen nach eng Kéier méi dat Gefill ze ginn, hei ass eis Heemecht, hei fille mer eis wuel, nach eng Kéier méi déi Automatismen, déi Repèren ze ginn, déi e Fussballspiller ebe brauch.

Am Oktober gouf et zwar kee Refus, awer och schonn ënnerschiddlech Meenungen, wéi den Terrain beim Ofschlosstraining genotzt kéint ginn: Jo, am Oktober hate se d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, fir eis den Terrain 25 Meter an der Breet ofzespären. Ech hunn hinnen dunn awer gesot, datt mer deen Dag drop géint Serbien net just op 40 Meter breet géife spillen, mä dann hätt den Terrain och 70 Meter. Ech sinn elo 12 Joer Nationaltrainer, am Ausland hunn ech dat och nach ni virfonnt, datt mer just en Terrain dierfen notzen, deen 40 Meter breet war.

Et gëtt e Comité de Gestion fir de Stadion, an deem ënnert anerem Leit vun der Stad Lëtzebuerg an vum Sportministere sëtzen.

Den Owend an eisem Journal dierfte mer dann d’Grënn héieren, firwat d’Lëtzebuerger Nationalekipp dee Refus krut. Sécher ass awer, datt de Freideg de Match um 20.15 Auer am Stade de Luxembourg géint Nordirland ugepaff gëtt.

© Val Wagner / RTL

Rugby hat de Wues ferme abiméiert

“Et deet eis leed, de Wues war no engem Match vun der Rugby-Nationalekipp esou opgewullt, datt en Training am neie nationale Futtball- a Rugbystadion net méiglech war”, dat seet d’Sportschäffe Simone Beissel.

Back to Top
CIM LOGO