FuttballFLF spillt nächste Match a Serbien an eidelem Stadion

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp spillt hiren nächste Match an der EM-Qualifikatioun de 14. November a Serbien an engem eidele Stadion.
© Val Wagner

D’Kontroll-, d’Ethik- an d’Disziplinarkommissioun vun der Uefa, der europäescher Futtball Union, huet dat e Méindeg decidéiert, nodeems sougenannte serbesch Supporter beim leschte Match doheem géint Portugal rassistesch Gesäng vu sech ginn hunn.

Weider krut Serbien eng Geldstrof vun 33.250 Euro, esou d’dpa.

Back to Top
CIM LOGO