
D’FLTT-Hären hu sech e Samschdeg am leschte Gruppematch géint Island misse mat 0:3 geschloe ginn. E Virus huet d’Lëtzebuerger ausgebremst, sou datt si guer net konnten untrieden.
Schonn e Freideg waren de Luca Elsen an de Luka Mladenovik ugeschloen. Um Samschdeg war dunn déi ganz Ekipp betraff. Nëmmen den Tom Scholtes hätt nach kéinte géint Island untrieden.
Doduerch kënnt Lëtzebuerg an der zweeter Gruppephas vun der Qualifikatioun fir d’Ekippen-EM um Enn op déi véierte Plaz. Schonn e Freideg war kloer, datt Lëtzebuerger sech net géing fir d’Ekippen-EM qualifizéieren.
Den Tournoi zu Sarajevo a Bosnien-Herzegowina ass e Samschdeg op en Enn gaangen.
