Auslousung vun der Europa LeagueFrankfurt kritt et an den Aachtelsfinalle mat Ajax ze dinn

RTL Lëtzebuerg
Zu Nyon an der Schwäiz war e Freideg d'Auslousung vun den Aachtelsfinallen an der Europa League.
© Screenshot

Eintracht Frankfurt mam Trainer Dino Toppmöller kritt et mat Ajax Amsterdam ze dinn. Donieft trëfft ënnert anerem AS Roum op Athletic Bilbao a Victoria Pilsen op Lazio Roum.

Et ass kee Lëtzebuerger Futtballspiller méi mat dobäi. Den Anthony Moris ass en Donneschdeg den Owend mat Union Saint-Gilloise eliminéiert ginn.

D’Matcher ginn de 6. an den 13. Mäerz gespillt.

De komplette Spillverlaf bis d’Finall

© Screenshot

Back to Top
CIM LOGO