
Et war eng immens schnell 1. Hallschent bei där iwwerraschend vill Goler gefall sinn. An der Paus louch Frankräich mat 20:17 a Féierung. Nom Säitewiessel war de Match en Tick méi serréiert a béid Ekippen hunn hier Defense gestäerkt. Norwegen ass kuerz viru Schluss wuel nach eng Kéier op 2 Goler erukomm, sollt de Match um Enn awer mat 28:31 verléieren. Frankräich ass deemno neien Handball-Weltmeeschter.
Am Match ëm d’Plaz 3 huet sech Dänemark mat 28:27 géint Schweden duerchgesat.