Rugby: Six Nations TournoiFrankräich klappt Schottland - Wales wënnt géint England

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 3. Spilldag am Six Nations Tournoi stoungen e Samschdeg zwou Partien um Programm.
© afp / Guilhem Guirado, Kapitän vun der Franséischer Formatioun

D’Explikatioun tëscht Frankräich a Schottland war besonnesch spannend, well béid Ekippen um leschte Spilldag Plomme gelooss haten. D’Fransouse ware géint England ënnerleeën a Schottland hat géint Irland verluer.

An der Hallschecht louch Frankräich am Stade de France mat 10:3 vir. Dës Féierung sollt d’Formatioun ronderëm de Guilhem Guirado och behaapten an huet sech um Enn mat 27:10 duerchgesat. Virun allem mam Romain Ntamack haten d’Schotten hir Schwieregkeeten.

© afp

Beim 2. Match vum Dag asszu Cardiff Wales op England getraff - hei haten d’Waliser um Enn d’Nues mat 21:13 vir. Wales war iwwerhaapt net gutt an de Match komm a louch no der 1. Hallschecht mat 3:10 hannen. England huet u sech kee schlecht Gesiicht gewisen, war awer an den decisive Phasen net clever genuch.

Um Enn steet eng verdéngte Victoire fir d’Waliser um Tableau.

Back to Top
CIM LOGO