Handball-EMFrankräich-Schweden an Dänemark-Däitschland an den Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
Bei der Handball-Europameeschterschaft an Däitschland stinn zanter e Mëttwoch den Owend d'Halleffinaliste fest.
© AFP

Frankräich kritt et mat Schweden ze dinn, iwwerdeems Dänemark géint den Organisateur Däitschland untriede muss. D’Fransouse si bis elo als eenzeg Ekipp nach ongeschloen, déi aner dräi Natiounen hunn op d’mannst ee Match bis elo verluer.

D’Halleffinalle ginn e Freideg an d’Finall e Sonndeg gespillt.

Back to Top
CIM LOGO