Schi AlpinFransous Noël gewënnt de Slalom zu Kitzbühel

RTL Lëtzebuerg
Mam Matthieu Osch war och ee Lëtzebuerger beim Slalom-Weltcup mat dobäi. De Lëtzebuerger ass allerdéngs am éischten Duerchgang ausgefall.
© AFP

Nëmmen eng Woch no senger éischter Weltcup-Victoire zu Wengen stoung de Clément Noël um Samschdeg zu Kitzbühel beim Slalom-Weltcup nees ganz uewen um Podium. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Marcel Hirscher an den Alexis Pinturault gefuer.

Mam Matthieu Osch war och ee Lëtzebuerger um Depart. Hien ass, genee wéi 39 vun de 79 Starter, an der éischter Manche ausgefall.

Mat der Startnummer 13 an engem feelerfräie Laf hat sech de Schwäizer Ramon Zenhäusern beim Slalom zu Kitzbühel nom éischten Duerchgang un d’Spëtzt gesat. Zwielef Honnertstel Virsprong huet hien op de Fransous Clément Noël mat an den zweeten Duerchgang geholl. Weider fënnef Honnertstel hannendru louch de Fransous Alexis Pinturault. Déi grouss Favoritten op d’Victoire hate sech ze vill Feeler geleescht an esou louch de Marcel Hirscher, deen dës Saison bis ewell dominéiert huet, hat als 8. schonn 88 Honnertstel am Réckstand.

Den Éisträicher war domadder natierlech guer net zefridden an huet am zweeten Duerchgang ee kloert Zeeche gesat a sech tëschenzäitlech un d’Spëtzt gesat. Nodeems de Pinturault du 7 Honnertstel nom Hirscher iwwert d’Linn gefuer ass, war kloer, datt den Hirscher eng weider Kéier um Podium géing stoen. D’Plaz war nach net kloer, well mam Zenhäusern a mam Noël nach zwee Schifuerer uewe stoungen. De Schwäizer huet dunn Nerve gewisen an ass nach op déi 6. Plaz zeréckgefall. De Fransous hat sech dogéint am Grëff, huet eng weider staark Leeschtung gewisen a sech d’Victoire mat engem Virsprong vun 29 Honnertstel op den Hirscher geséchert. Um Podium stoung nach de Pinturault mat engem Retard vu 36 Honnertstel.

Schmidhofer wënnt Super G zu Garmisch-Partenkirchen

D’Damme maachen de Weekend Statioun zu Garmisch-Partenkirchen. Déi éisträichesch Super-G-Weltmeeschterin Nicole Schmidhofer huet um Samschdeg deen éischte Weltcup an dëser Disziplin gewonnen. Um Podium stoungen nach d’Sofia Goggia aus Italien an d’Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz.

Wéinst dem ville Schnéi war de Start vun der Course no hanne verréckelt ginn. No enger wëller Course op der “Kandahar” loung d’Sofia Goggia laang un der Spëtzt. Mat der Startnummer 15 ass dunn awer d’Schmidhofer komm a si konnt d’Italienerin mat engem Virsprong vun 23 Honnertstel vun der éischter Plaz um Podium erofstoussen. Bis zum Schluss war keng Schifuererin méi séier, wéi d’Éisträicherin, déi domadder virum Goggia gewënnt. Um Podium stoung nach d’Schwäizerin Lara Gut-Behrami mat engem Réckstand vu 45 Honnertstel.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO