Schi AlpinGala-Virstellung vum Mikaela Shiffrin

RTL Lëtzebuerg
Mikaela Shiffrin huet beim Riseslalom zu Courchevel hirer Konkurrenz absolutt keng Chance gelooss.
De Podium nom Riseslalom zu Courchevel.
De Podium nom Riseslalom zu Courchevel.
© AFP

En Dënschdeg huet d’Mikaela Shiffrin de Riseslalom zu Courchevel a Frankräich gewonnen. D’US-Amerikanerin war op der gefruerener Pist schonn am éischten Duerchgang eng Avance vun enger Dräivéierelsekonn op d’Schwäizerin Michelle Gisin erausgefuer an huet sech d’Victoire duerno net méi huele gelooss. Um Enn vun enger ganz staarker Leeschtung a béiden Duerchgäng hat d’US-Amerikanerin eng Avance vu 86 Honnertstel op d’Sara Hector aus Schweden.

D’Michelle Gisin stoung mat engem Retard vun 1,08 Sekonnen als Drëtt um Podium.

Back to Top
CIM LOGO