Europa LeagueGanz wichteg Victoire fir Neapel, Lyon dréint Match géint Prag

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war den drëtte Spilldag vun der Gruppephas an der Europa League.
© AFP

Am Match tëscht Lazio Roum an Olympique Marseille gouf et en Donneschdeg den Owend kee Gewënner an och keng Goler.

An och tëscht Betis Sevilla a Bayer Leverkusen gouf et e Remis. De Match ass um Enn mat 1:1 op en Enn gaangen.

Eintracht Frankfurt huet mat 3:1 géint Olympiakos Piräus gewonnen a setzt sech domat un d’Spëtzt vum Grupp D.

Olympique Lyon huet en Donneschdeg den Owend all Grond ze feieren. Nodeems ee schonns mat 0:2 géint Sparta Prag hanne louch, huet een de Match nach mat 4:3 gewonnen an domat ass et déi 3. Victoire am 3. Match.

Den SSC Neapel feiert eng ganz wichteg Victoire. D’Italiener gewannen nämlech mat 3:0 géint Legia Warschau a klammen domat no vir op déi zweete Plaz. Warschau bleift awer trotz der Néierlag op der 1. Plaz.

Hei fannt Dir all d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO