Wéinst sengem RéckGary Anderson zitt sech aus der Premier League zeréck

RTL Lëtzebuerg
Changement am Darts-Sport, wou de schotteschen Topp-Stiller aus gesondheetleche Grënn ënnert anerem vum Englänner Chris Dobey ersat gëtt.

De Gary Anderson war scho scho bei der Weltmeeschterschaft Enn Dezember mat sengem Réck gehäit, elo zitt hien - emol virleefeg - eng Noutbrems, fir, wéi en op Twitter selwer schreift, säi Réck nees 100 Prozent zeréckzekréien.

Dofir verzicht en op d’Premier League, esou datt do een noréckele konnt. 9 Spiller stoungen do zur Auswiel a finalement ass de Choix beim éischte Rendez-vous op de Chris Dobey gefall, deen an der Véierelsfinall vun der WM e ganz staarken Optrëtt grad géint de Gary Anderson hat, mat 15 Mol 180, ma war dem Schott trotzdeem mat 3:4 ënnerleeën.

De Chris Dobey huet elo säin éischten Optrëtt an der Premier League dësen Donneschdeg a senger Heemechtsstaat Newcastle.

Fir déi aner Rendez-vousen dierfen de Glen Durrant, Steve Lennon, Luke Humphries, John Henderson, Nathan Aspinall, Max Hopp, Dimitri Van den Bergh a Jeffrey de Zwaan untrieden. D’Punkten, déi dës 9 Athlete maachen, ginn net mat an d’Wäertung mat agezunn.

Back to Top
CIM LOGO