
311,1 Punkte stoungen um Enn fir de Karl Geiger um Tableau d’Affichage. Soumat konnt sech den Däitsche virum Kamil Stoch an dem Ryoyu Kobayashi behaapten. De Stoch aus Polen hat no den zwee Duerchgäng 307,1 Zieler an de Japaner Kobayashi, dee jo d’Véier-Schanzen_Tournée gewonnen huet, huet sech um Enn misse mat 304,7 Punkten zefridde ginn.