Futtball-NationalekippGerson Rodrigues a Vincent Thill net mat a Bosnien

RTL Lëtzebuerg
De Gerson Rodrigues an de Vincent Thill solle Meenungsverschiddenheete mam Nationaltrainer Luc Holtz gehat hunn a verpassen den nächste Lännermatch.
De Gerson Rodrigues am Frëndschaftslännermatch géint Malta
De Gerson Rodrigues am Frëndschaftslännermatch géint Malta
© Val Wagner

Den FLF-Präsident Paul Philipp konnt den Owend am Virfeld vun der Nations-League-Finall tëscht Kroatien a Spuenien op RTL nach net vill dozou soen:

“Ech hunn nach net mam Trainer geschwat, esou datt ech net vill méi weess wéi dir an ech wëll och keng ze schnell Conclusiounen zéien.”

Paul Philipp am Interview
De Paul Philipp konnt net soen, ob de Gerson Rodrigues an de Vincent Thill um Méindeg mat a Bosnien fléien.

Am spéide Sonndegowend huet de Luc Holtz géintiwwer dem “Wort” confirméiert, datt de Rodrigues an den Thill net mat a Bosnien fléien. Den Thill wier nom Match géint Liechtenstein ouni eppes ze soen Heem gaangen. De Rodrigues hätt um Sonndeg beim Auslafe gefeelt. Well hie schonns zwou Trainingsunitéite verpasst huet, gouf hie fir de Match géint Bosnien aus dem Kader gestrach.

Am freien Owend hat de „L’essentiel” fir d’éischt gemellt, datt déi 2 Nationalspiller net méi Deel vum Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp solle sinn, déi um Méindeg a Bosnien flitt. Do spillt Lëtzebuerg um Dënschdeg de 4. Match vun der EM-Qualifikatioun.

Back to Top
CIM LOGO