Fir Nationalekipp-Matcher wuel dobäiGerson Rodrigues huet just eng Zerrung a kee Muskelfaserrëss

RTL Lëtzebuerg
De leschte Weekend gouf de Gerson Rodrigues am Championnatsmatch mat senger Ekipp géint Farense wéinst eng Blessur ausgewiesselt.
© Giorgi ARJEVANIDZE / AFP

Dem Lëtzebuerger Nationalspiller säi Veräin AVS huet matgedeelt, datt et sech bei der Verletzung ëm eng Zerrung an net ëm ee Muskelfaserrëss géif handelen.

De Gerson Rodrigues dierft also fir déi nächste Matcher vun der Nationalekipp géint Schweden an d’Schwäiz zu Verfügung stoen.

Back to Top
CIM LOGO