Biathlon-WMGold am Sprint fir d'Tiril Eckhoff

RTL Lëtzebuerg
D'Norwegerin konnt sech no 2 Schéissen a 7,5 Kilometer den Titel sécheren. Zweet gouf d'Anais Chevalier virum Hanna Sola aus Wäissrussland.
© AFP

Op der Pokljuka a Slowenien stoung e Samschdeg bei der Biathlon-Weltmeeschterschaft de Sprint iwwer 7,5 Kilometer bei den Dammen um Programm. Ouni Feeler beim Schéisse konnt sech d’Tiril Eckhoff den Titel sécheren. Trotz engem Feeler beim Schéisse war et dem Anais Chevalier duerch eng staark Leeschtung op der Streck gelongen, Sëlwer mat heem ze huelen. D’Iwwerraschung vun der Course war awer d’Hanna Sola aus Wäissrussland, déi sech duerch zwee feelerfräi Schéisse Bronz séchere konnt.

Back to Top
CIM LOGO