
D’Italieenerinnen hu sech am Volleyball d’Goldmedail bei den Olympesche Spiller zu Paräis geséchert. An der Finall hunn d’Europäerinnen der Ekipp aus den USA keng Chance gelooss. De WM-Drëtte wënnt kloer mat 3:0 (25:18, 25:20, 25:17) an de Sätz. Domadder konnten d’US-Amerikanerinnen hir Goldmedail vu virun dräi Joer zu Tokio net verdeedegen an huelen zu Paräis sëlwer mat heem.
Schonn e Samschdeg hat sech Brasilien mat 3:1 (25:21, 27:25, 22:25, 25:15) géint d’Tierkei Bronze geséchert.
Bei den Hären huet sech Frankräich op en Neits den Titel geséchert. An der Finall huet een den Europameeschter Polen an dräi Sätz mat 25:19, 25:20 a 25:23 geklappt. Obwuel all Saz haart ëmkämpft war, hunn d’Fransousen um Enn vun de Sätz déi decisiv Punkte gemaach a sech esou Gold geséchert. Sëlwer geet domadder u Polen. Bronze hat sech d’USA duerch en 3:0 (25:23, 30:28, 26:24) géint Italien geséchert.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller