
Bei den Dammen hu sech d’Danielle Konsbruck, d’Tessy Gonderinger an d’Eglé Tamasauskaite an der Finall mat 3:0 géint San Marino duerchgesat a Gold gewonnen.
An der Halleffinall waren d’Lëtzebuergerinne Montenegro mat 3:1 iwwerleeën.
D’Lëtzebuerger Hären Gilles Michely, Eric Glod an Traian Ciociu haten an der Finall keng Chance géint Zypern. Si hu mat 0:3 verluer.
An der Halleffinall hate si Monaco 3:0 geklappt.
