Schi-WMGold fir d'Johaug iwwer 30 Kilometer am Schi-Laanglaf

RTL Lëtzebuerg
Bei der Schi-WM zu Seefeld an Éisträich konnt d'Norwegerin Therese Johaug souverän virun der Konkurrenz gewannen.
© afp

1 Stonn 14 Minutte 26 Sekonnen an 2 Honnertstel - dat ass déi grandios Leeschtung vun der Norwegerin Therese Johaug iwwer déi 30 Kilometer Fräistil.

Iwwer eng hallef Minutt war déi 30 Joer al Schileeferin domat méi séier, wéi d’Ingvild Östberg. Déi drëtte Plaz um Podium war fir d’Frida Karlsson. D’Schwedin war 44 Sekonne méi lues, wéi d’Johaug.

Back to Top
CIM LOGO