Schi-Alpin-WMGold fir Kristoffersen, Osch den 61.

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet de Matthieu Osch bei der Schi-Alpin-WM zu Are a Schweden déi 2. Manche vum Riseslalom ëm 58 Honnertstel verpasst.
© pressphoto (Archiv)

Den Norweger Henrik Krostoffersen huet sech bei der WM am Schi Alpin zu Are a Schweden d’Goldmedail am Riseslalom gewonnen. Den Norweger huet sech mat engem Virsprong vun 20 Honnertstel virum Éisträicher Marcel Hirscher behaapt. Mat engem Retard vun 42 Honnertstel stoung de Fransous Alexis Pinturault och nach um Podium.

Fir de Matthieu Osch war nom 1. Duerchgang Schluss. De Lëtzebuerger gëtt um Enn den 61. an huet domadder déi 2. Manche vun de 60 beschte Schifuerer ëm 58 Honnertstel verpasst.

E Samschdeg geet de Matthieu Osch nach an der Qualifikatioun vum Slalom un den Depart. D’Haaptcourse ass hei e Sonndeg.

PDF: Schreiwes vun der FLS.

Back to Top
CIM LOGO