Holland, Schwäiz oder FrankräichGrouss Amenter vun de Roude Léiwen

RTL Lëtzebuerg
D'Rout Léiwen kënnen déi nächst Deeg mat enger EM-Qualifikatioun Sportgeschicht schreiwen. Ma och an der Vergaangenheet gouf et scho grouss Amenter.
Grouss Amenter vun de Roude Léiwen
D’Rout Léiwen kënnen déi nächst Deeg mat enger EM-Qualifikatioun Sportgeschicht schreiwen. Ma och an der Vergaangenheet gouf et scho grouss Amenter.

Et war eng Sensatioun 1963. Lëtzebuerg ass ënnert deenen aacht beschte Futtballnatiounen an Europa a spillt an der Aachtelsfinall ëm eng Plaz op der Europameeschterschaft d’Joer drop. De Géigner vun de Roude Léiwen war Holland.

D’EM 1964 knapp verpasst

Spillt een den Allersmatch 1:1 gläich am September 1963, sou ass de Retourmatch, deen aus finanzielle Grënn nees eng Kéier an Holland, dëst Kéier zu Rotterdam, gespillt gouf, eng Victoire fir d’Ekipp vum däitschen Trainer Robert Heinz. D’Wonner vu Rotterdam war perfekt. De Camille Dimmer schéisst an der 20. an 68. Minutt d’Nationalekipp den 30. Oktober 1963 an d’Véierelsfinallen.

An do huet Dänemark op d’Rout Léiwe gewaart. An do huet et direkt dräi Matcher gebraucht, fir d’Entscheedung ze treffen. En éischten 3:3 zu Lëtzebuerg, duerno en 2:2 zu Kopenhagen an zum Schluss den decisive Match zu Amsterdam, wou d’Futtballnationalekipp 1:0 géint Dänemark verléiert a sech esou leider net fir d’EM a Spuenien 1964 qualifizéiere konnt.

Deemools war de System vun der Qualifikatioun nach ganz anescht. De K.O.-System, wou an der Virronn dräi Ekippen e Fräilous fir d’Aachtelsfinalle konnten zéien, war en aneren an dowéinst hat Lëtzebuerg Chance.

Ma och dono gouf et gréisser Exploiten

De 7. Juni 1995 huet de Géigner um Stade Josy Barthel op der Areler Strooss Tschechien geheescht. D’Rout Léiwen gewannen 1:0 an dat och nach an hirem éischte Lännermatch, dee se iwwerhaapt géint Tschechien gespillt hunn. An do war de Paul Philipp als Trainer dru bedeelegt.

Et war zu Zürech am Letzigrund Stadion den 10. September 2008, wou nees eng Kéier sollt Lëtzebuerger Futtballgeschicht geschriwwe ginn. Am zweete Match fir d’WM-Qualifikatioun blaméieren d’Rout Léiwen d’Nati mat enger 2:1-Victoire.

Schwätzt ee vun Lëtzebuerger Futtballgeschicht, da bleift deene meeschten d’Gläichspill mat eisem Noper Frankräich den 3. September 2017 zu Toulouse am Kapp. Och wann et keng Victoire war, sou war et dach e ganz staarken Exploit a vill vun de Spiller deemools stinn och elo nach ëmmer am rout-wäiss-bloen Trikot um Terrain.

Weider eemoleg Biller?

Och wa Lëtzebuerg dacks als Underdog gehandelt gëtt, sou beweist net nëmmen d’Leeschtung an der méi wäiter Vergaangenheet, mee och déi rezent, dass Lëtzebuerg am internationale Futtball och en Donneschdeg e Wiertche matschwätze kéint. An da kéinten hoffentlech nees eemoleg Biller dobäi entstoen.

Back to Top
CIM LOGO