
Op der Weltmeeschterschaft am Schi-Alpin kënnt d’Gwyneth ten Raa am Riseslalom op déi 36. Plaz. Hir Schwëster Joyce ass op déi 46. Plaz gefuer.
Weltmeeschterin gouf d’Italienerin Federica Brignone. Um Podium stoungen och nach d’Alice Robinson aus Neiséiland an d’US-Amerikanerin Paula Moltzan.
Bei den Häre stoung en Donneschdeg d’Qualifikatioun fir d’Haaptcourse am Riseslalom, déi e Freideg gefuer gëtt, um Programm.
Hei konnt sech aus Lëtzebuerger Siicht just de Mathieu Osch qualifizéieren.
De Joachim Keghian an den Nikolaj Lindfors goufen an der zweeter Manche eliminéiert.