
Am nationale Volleyball-Championnat stoungen e Samschdeg déi decisiv Matcher fir déi lescht Plaz an der Finall um Programm.
Bei den Hären huet sech de Volley Bartreng däitlech mat 3:0 géint d’Ekipp vu Fenteng duerchgesat an domadder den Ticket fir d’Finall geléist. Do geet et elo géint d’Noperen aus Stroossen, deenen et gelonge war, Luerenzweiler bannent zwee Matcher ze eliminéieren.
Bei den Dammen huet sech de VC Mamer am drëtten an decisive Match mat 3:1 géint den Gym Volley duerchgesat an domadder den Ticket fir d’Finall geséchert. Do geet et elo géint den RSR Walfer, dee sech schonn no zwee Matcher géint Péiteng duerchsetze konnt.