
Um Sonndeg den Owend goufen et zwou däitlech Victoirë vun Iechternach géint Amber-Lënster a Bartreng géint Fenteng. Iechternach huet déi éischt 2 Sätz däitlech gewonnen, den drëtte Saz war vill mei serréiert, um Enn sollt sech de Favorit awer och hei duerchsetzen, sou dass e mat 3:0 (25:12, 25:17, 27:25) géint de VB Amber-Lënster wënnt.
De Volley Bartreng huet Fenteng dominéiert a ka sech auswäerts mat 3:0 (25:18, 25:13, 25:17) duerchsetzen.
D’Häre vun Dikrech hu sech mat 3:0 zu Luerenzweiler behaapt. D’Lokalekipp huet an de Sätz zwar 17, 22 an 21 Punkte gemaach, konnt géint e staarke Géigner awer kee Saz fir sech entscheeden.
An der Tabell bleiwen déi Bartrenger weider op der zweeter Plaz, dat well sech och de VC Stroossen mat 3:0 géint den Escher VBC duerchgesat huet an domat an dëser Saison weider ongeschloe bleift. Wärend déi Escher an deenen éischten zwee Sätz mat 18 an 20 Punkten ee Wuert matschwätze konnten, war spéitstens am drëtte Saz mat 8 Punkten näischt géint staark Stroossener entgéintzewierken.
Bei den Dammen huet sech de VC Stengefort eng 3:0-Victoire (25:16, 25:19, 25:7) géint den Tabelleleschte VB Iechternach geséchert an de VC Mamer bleift no engem 3:1-Succès (25:16, 22:25, 25:21, 25:20) géint den Escher VBC weider ouni Punkteverloscht an dëser Saison.
E Sonndeg huet sech Bartreng däitlech zu Fenteng duerchgesaat. Um En steet eng 3:0-Victoire (26:24, 25:15, 25:11) um Spillbou.
Den Gym Volley zitt an eegener Hal géint Walfer mat 1:3 (25:19, 20:25, 18:25, 14:25) de Kierzeren.