
Stroossen bleift an der Liga weider ongeschloen. Doheem huet ee sech e Samschdeg mat 3:2 (25:22, 21:25, 25:15, 23:25, 15:10) géint Luerenzweiler duerchgesat. Luerenzweiler konnt no zweefachem Réckstand béid Kéieren egaliséieren, am decisive Saz huet de Champion sech awer dunn d’Victoire geséchert.
Am zweete Match vum Samschdeg huet Dikrech sech souverän mat 3:0 (25:20, 25:18, 25:23) zu Fenteng behaapt.
E Sonndeg huet Amber-Lënster de Kellerduell géint den Escher VBC mat 3:0 (25:11, 25:21, 25:16) gewonnen. An der Tabell bleift d’Ekipp vun Esch domat weider ouni Punkten de Leschten, wärend Amber-Lënster elo dräi Punkten um Kont stoen huet.
De Volley Bartreng bleift da weider punktgläich um Leader Stroossen drun, dat no enger 3:1-Victoire (16:25, 18:25, 25:18, 12:25) um Sonndeg géint de VB Iechternach.
Bei den Damme konnt Mamer de Spëtzematch géint Walfer e Samschdeg mat 3:1 (26:24, 20:25, 25:23, 25:18) fir sech behaapten. De Champion konnt en ëmkämpften éischte Saz fir sech decidéieren, ma Walfer konnt awer egaliséieren. Och am drëtte Saz war et enk, hei hat Mamer awer nees d’Nues vir. No engem méi däitleche véierte Saz wënnt d’Lokalekipp 3:1 a bleift domat weider ouni Punktverloscht Tabelleleader.
D’Gym Volley huet zu Fenteng näischt ubrenne gelooss a souverän 3:0 (25:19, 25:19, 25:20) gewonnen. Domat zitt d’Gym an der Tabell mat engem Punkt méi laanscht Walfer, déi elo just nach 3. sinn.
Am leschte Match vum Samschdeg huet Stengefort sech an der eegener Hal 3:1 (25:19, 25:17, 26:28, 25:21) géint den Escher VBC behaapt.
E Sonndeg huet sech de Volley Bartreng da mat enger 3:0-Victoire (25:17, 25:12, 25:22) zu Iechternach wichteg Punkte géint den Tabelleleschte geséchert. An der Tabell steet een doduerch mat siwe Punkten an engem Ecart vu fënnef Punkten op eng Plaz an de Playoffs op der 5. Plaz. Iechternach bleift dogéint bei engem Punkt.