
Bei den Hären huet sech de VC Luerenzweiler mat engem 3:0-Succès (25:14, 25:14, 25:21) géint Amber-Lënster souverän déi zweet Victoire hannertenee geséchert. Dat selwecht gëllt fir de VC Stroossen mat enger 3:0-Victoire (25:15, 25:19, 25:17) géint Fenteng an och fir de VolleyBartreng, deen duerch en ëmkämpften 3:1-Succès (18:25, 25:21, 25:14, 29:27) géint Dikrech och sechs Punkten no zwee Spilldeeg um eegene Kont stoen huet.
E Sonndeg konnt Iechternach déi éischt Victoire feieren. Si hunn doheem 3:1 (25:16, 25:20, 17:25, 25:14) géint den Escher VBC gewonnen.
Bei den Damme gouf et fir den Gym Volley eng 3:0-Victoire (25:18, 25:20, 25:14) géint de Volley Bartreng an och de VC Mamer konnt sech däitlech mat 3:0 (25:9, 25:13, 25:13) géint Fenteng duerchsetzen. Déi zweet Victoire am zweete Match gouf et dann am leschte Match vum Dag nach fir den RSR Walfer mat engem 3:1-Succès (25:12, 25:16, 14:25, 25:17) géint Stengefort.
Fir den Ofschloss vum 2. Spilldag huet den Escher VBC kloer 3:0 (25:16, 25:18, 25:18) beim VB Iechternach gewonnen.