Handball-ChampionnatHB Esch ass definitiv Champion, Miersch a Péiteng nächst Saison éischtklasseg

RTL Lëtzebuerg
Den HB Esch hätt mat 23 Goler géint Käerjeng misse verléieren, fir den Titel net ze kréien. Déi Escher hu just mat 1 Gol de Kierzere gezunn.
© Serge Olmo

Fir Käerjeng ass d’Wonner zu Esch domadder ausbliwwen. Fir Esch ass et den 12. Championstitel an der Veräinsgeschicht an dee 5. noeneen.

An der Relegatioun war et um leschte Spilldag ganz enk. Mat Péiteng, Rëmeleng a Schëffleng louchen 3 Ekippe punktgläich mat 20 Punkten op der 2. Plaz. Eng Plaz an der héchster Divisioun goung um Enn u Péiteng. 2 Punkte méi hat Miersch um Kont a spillt nächst Saison mat Péiteng ganz uewen.

Axa League Hären

An der Spëtzepartie huet Esch mat 32:33 géint Käerjeng verluer. An der Paus war d’Heemekipp 16:13 vir. Käerjeng bleift op der 2. Plaz an der Tabell.

De Resumé vum leschte Championnatsmatch Esch géint Käerjeng
Den Handball Esch sécher sech trotz enger 32:33-Néierlag géint Käerjeng de Meeschtertitel.

Den Handball Esch huet den Owend dem Sacha Pulli an dem Martin Muller Äddi gesot, déi allebéid 9 Mol mat Esch Champion goufen a 7 Mol d’Coupe gewonnen hunn. Donieft waren si och 2013 gemeinsam bis an d’Finall vum europäesche Challenge Cup komm. Den Trainer Danijel Grgic an och de Miha Pucnik sinn déi nächst Saison och net méi beim Champion.

Interview Martin Muller & Sacha Pulli
Béid Escher Spiller hunn hire leschte Match fir de Veräi gespillt.

Hannendru klasséiere sech Bierchem an Déifferdeng, déi de leschte Match géintenee gespillt hunn. Do gouf et en 31:31-Gläichspill.

Den HB Diddeleng huet sech doheem kloer mat 39:24 géint Dikrech behaapt.

Relegatioun

Miersch de leschte Match mat zu Schëffleng mat 29:30 verluer. Miersch bleift awer op der 1. Plaz an der Tabell.
Péiteng huet den HB Museldall kloer mat 44:21 geklappt a spillt nächst Saison och an der ieweschter Divisioun.

E 26:26-Remis gouf et tëscht dem Standard a Rëmeleng. D’Gäscht verpassen domadder den Opstig an déi héchst Divisioun.

Bieles huet sech donieft mat 37:31 géint Réiden duerchgesat.

LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball

Back to Top
CIM LOGO