
De Swift Hesper an d’Fola Esch deelen 1:1. D’Heemekipp war schonn no sechs Minutten duerch de Couturier a Féierung gaangen. Duerno war et en intensive Match vu béide Säite bis zum Schluss vun der éischter Hallschent, déi vun zwou Blessuren op Escher Säit gezeechent war. An der 67. Minutt konnt de Mustafic fir d’Fola no engem Eelefmeter ausgläichen. Bis zum Schluss goufen et op béide Säiten nach e puer Chancen, mee keng Ekipp konnt den entscheedende Gol markéieren.
De Racing goung mat 4:1 op Hueschtert wannen. D’Haushäre waren zwar no siwe Minutten a Féierung gaangen, d’Ekipp vum Trainer Jeff Saibene konnt awer nach virun dem Säitewiessel duerch de Simon an zweemol duerch de Rossi de Match zu hire Gonschten dréinen. Kuerz virun der Paus goung et hei zu Hueschtert drënner an driwwer. Ënnert anerem huet ee Supporter ee Glas op den Terrain gehäit, mä och no engem Zweekampf tëscht dem Augustyn an dem N’Goma koum et zu Streidereien um an nieft dem Terrain. No der Paus huet de Racing direkt nach eng Kéier zougeschloen an op 4:1 erhéicht. Duerno huet de Racing nach no vir gespillt, mee et sollt kee weidere Gol falen.
D’Jeunesse Esch setzt sech mat 1:0 géint d’Union Titus Péiteng duerch. No enger intensiver Ufanksphas hat de Match sech bis zur Paus berouegt a béid Ekippen hu sech schwéier gedoen. Péiteng hat méi Chancen, mee d’Jeunesse war an den Zweekämpf méi iwwerleeën. An der 70. Minutt konnt de Laurent fir d’Heemekipp zum 1:0 erasetzen, nodeems déi Escher an de Minutte virdrun ëmmer méi d’Iwwerhand kruten. Zum Schluss huet d’Jeunesse probéiert, de Virsprong iwwer d’Zäit ze retten. Fir d’Jeunesse war dës Victoire wichteg, fir net komplett den Uschloss no uewen ze verléieren.
Um Pabeier war et eng kloer Affär, mee Déifferdeng huet sech géint den RM Hamm Benfica méi schwéier gedoe wéi geduecht. Den FCD03 huet zwar déi éischt Hallschent dominéiert, konnt sech awer net vill qualitativ Golchancen erausspillen. Nom Säitewiessel huet de Buch an der 67. Minutt zum 1:0 fir Déifferdeng markéiert an den FCD03 huet uschléissend de Match geréiert an näischt méi ubrenne gelooss.
Victoria Rouspert gewënnt mat 2:0 beim FC Rodange 91. D’Gäscht vu Rouspert waren de klore Favorit an hu versicht sech mat enger Victoire vun de Barrageplazen ofzesetzen. Schonn no 15 Minutte konnt de Soladio fir Rouspert markéieren, Rodange huet sech awer net verstoppt an hätt den 1:1 bis zur Paus verdéngt gehat. Kuerz no der Paus huet nees de Soladio op 2:0 erhéicht, duerno ass de Match verflaacht, well Rouspert d’Avance iwwer d’Zäit wollt bréngen.