
E Samschdeg goufen déi lescht Véierelsfinallen op der Dammen-Futtball-WM a Frankräich gespillt. Hei hunn d’Italienerinne géint Holland mat 0:2 de Kierzere gezunn. An der Owespartie konnt sech Schweden 2:1 géint Däitschland behaapten.
D’Matcher an den Halleffinallen:
England - USA / Dënschdeg um 21 Auer
Holland - Schweden / Mëttwoch um 21 Auer
Am Stade du Hainaut zu Valanciennes ass Italien op den aktuellen Europameeschter Holland getraff.
D’Italienerinnen haten déi éischten nenneswäert Golchance vun der Partie, och wann Holland an der Ufanksphas de Match gemaach huet. Am weidere Verlaf vum 1. Duerchgang konnt awer keng Ekipp der Partie hire Stempel opdrécken - esou goung et zu Valenciennes mat engem 0:0 an d’Paus.
Holland konnt nom Téi eng Schëpp dropleeën an d’Féierung fir d’Oranje-Leeuwinnen wier no enger Stonn Spillzäit verdéngt gewiescht. Knapp 10 Minutten drop huet et du gerabbelt. No enger Standardsituation stoung d’Vivianne Miedema am Strofraum goldrichteg an huet dat ronnt Lieder mat dem Kapp era gesat - 1:0 no 70 Spillminutten.
An der 80. Minutt huet den Europameeschter dunn nach een drop gesat, wéi d’Stefanie Van der Gragt no enger Flank am héchste gesprongen ass a mat engem weidere Käpper fir hir Faarwe markéiert huet. Domat war d’Partie entscheet an d’Halleffinall fir Holland an dréchenen Dicher.

Nodeems d’Ufanksphas kloer un Däitschland goung an d’Ekipp ronderëm d’Alexandra Papp an der 19. Minutt duerch d’Lina Magull a Féierung goe konnt, ass de Match am weidere Verlaf zu Gonschte vun de Schwedinne gekippt. D’Sofia Jakobsson konnt nämlech nëmme kuerz nom Gol vun Däitschland ausgläichen, soudatt et mat engem 1:1-Gläichstand zu Rennes no 45 Minutten an d’Kabinne goung.
An der 2. Hallschecht war Schweden déi méi effikass Ekipp a konnt 3 Minutten no der Paus de Score op 2:1 setzen, dat a Persoun vun der Stina Blackstenius. D’Schwedinnen haten de Fouss an der Dier an hu weider keng Golméiglechkeete fir Däitschland zougelooss. Déi däitsch Spillerinne konnten am weidere Verlaf vun der Partie keng Schëpp méi dropleeën an hunn de Schwedinne missen de Virtrëtt an d’Halleffinalle loossen.
Mat dëser Néierlag verpasst Däitschland iwwerdeems och d’Participatioun fir déi Olympesch Spiller.